22/06/2026
Meet the Team – Damiano 👋
Zanter Januar 2026 verstäerkt den Damiano eist Team an der Administratioun. Hien ass eng wäertvoll Ënnerstëtzung fir eis Compta- a Finanz-Ekipp a behält do ëmmer den Iwwerbléck. Hien dreift eis Digitaliséierung virun an analyséiert Donnéeë mat engem Gespier fir den Detail.
Wat hien nach auszeechent? Hien ass einfach ëmmer gutt gelaunt, e richtegen Escher Jong, deen seng Wuerzelen net vergësst. Fréier war hie fir d'Fola um Fussballsterrain aktiv, haut fënnt hien säin Ausgläich an der Schwämm🏊🏼
Mir sinn houfreg, dech u Bord ze hunn, Damiano! Let's go 💪🏻